Biwer wennt géint Monnerech

*/ ?>

D’Biwerbouwen wannen mat 2-1 doheem géint den Tabellenzwéten Monnerech

An engem Match, bei dém de Biwerbouwen vun der 1. Minute unzemierken war, dass sie déi 3 Punkten net einfach sou ofschenken wellen, hun mir virun allem an der 1. Halschent och spillerech iwerzécht.

Mir waren hell wakrech an haten an der 1. Halschent och e Chanceplus. Mat Agressivitéit géint de Ball an schnellem Emschaltspill hun mir déi Monnerecher Hannermannschaft déi eng oder aner Kéier a Bedrängis bruecht. Folglech as och den 1-0 gefall. No 2 Säitewiesselen hannert enén as de Kemil alleng op de Goal geschéckt gin an huet den 1-0 markéiert. Bis op 1 Chance vu Monnerech war net vill ze gesin. Dofir as den 1-1 och e bessi iwerraschend gefall.

Déi 2. Halschent huet Monnerech méi Drock gemach. Obwuel se spillerech e Plus haten, hun se sech weider net vill Chancen räus gespillt. 1 Mol hate mir awer dun och mol eng Kéier d’Gléck op iiser Säit, wou Monnerech an enger Aktioun d’Laat an de Poteau getraff haten. Mir hun weider op Konter gelauert an 2 Minuten virun Schluss huet de Maurice iis erléist an den 2-1 markéiert.

Mat däer Moral an och all de Verletzten, déi d’Réckronn zeréck komm sen, weisen mir Match fir Match dass d’Biwerbouwen nach um Liewen sin.

Goaler:

1-0 Kemil HASECIC
2-1 Maurice BOLMER

Sharen mit:

Beitrag veröffentlicht von: Steve Birtz