Biwer wennt och géint Bartréng

*/ ?>

D’Biwerbouwen wannen 2-1 géint Bartréng.

Mat enger am grousse ganzen iwerléener Biwer Equipe hun mir de Match géint e Géigner gewonn, den de ganze Match 3 mol geféierlech gin as. Dat war beim 1-1, an dat no enger Reih Fehler op iiser Säit, déi et Bartréng iwerhapt erméiglecht haten déi Chance an den doräus resultéirenden Goal ze schéissen. An e Wäitschoss an der 2. Halschend, den de Jeff super räus geholl huet. An déi lescht an der Nospillzäit.

Mir haten de ganze Match iwer emmer rem Gelégenhéten fir nach méi Goaler ze schéissen an de Sak fréi zou ze maan. Mée et war wéi sou oft an deser Saison, dass mir et verpassen fréi fir klar Verhältnisser ze suergen. An dann as et wéi sou oft. Obwuel Bartréng an der Schlussphase no 2 giel-roude Karten just nach zu 9! waren, hun se an der Nospillzäit no enger Flank de Ball net enner bruecht.

Mir sin weider drun um Wonner vu Biwer ze schaffen. Weider, emmer weider!

Zesummen fir Biwer!!!

Goaler:
1-0 Tim Schincariol
2-1 Christian Weis

Sharen mit:

Beitrag veröffentlicht von: Steve Birtz