Biwerbouwen klappen Bieles

*/ ?>

No engem harde Stéck Arbecht wannen d’Biwerbouwen mat 3-2 géint Bieles.

Et as rem alles dran. Mat deser bis zur 60. Minute ganz starker Léschtung huet Biwer de 6-Punkte Match géint den direkten Konkurrent Bieles gewonn.

Virun allem an der 1. Halschend waren mir spretzeg, hun d’Konteren konsequent äusgespillt an just 1 Chance duerch e Wäitschoss zougelos, déi de Jeff awer gout räus geholl huet. No der enger oder anerer net grat konsequent räusgespillter Chance huet den Tim no enger schéiner Aktioun vum Kemil den 1-0 geschoss. E puer Minuten virun der Paus hun mir dann rem én vun iise Konteren äiskal äusgenotzt an den Tim huet den 2-0 markéiert. Hei as de Maurice iwert déi lénks Säit bis op d’Äusselinn marschéiert an huet no enger schéiner Flank dem Tim säi Kapp font.

An der 2. Halschend hun mir wéi sou oft an deser Saison, mam Gefill vun enger secherer Féirung, d’Heft rem aus der Hand gin. Bieles hat méi Ballbesetz ouni sech eng Chance räus ze spillen. An no Ronn 55 Minuten hun mir nés e Konter gesat an den Tim huet säin 3. Goal geschoss. Sou war et schon e bessen verwonnerlech, dass mir alt nés no engem Corner den Uschlossgoal gefang hun. An duerch en Fräistouss vun der Säit hun mir de Ball net räus kréit an Bieles huet den 3-2 geschoss. Mir haten och nach virdrun an dono Kontergelégenhéten. Déi konnten mir awer net richteg äusnotzen a sou hun mir bis zum Schluss geziddert, ouni dass eng weider richteg Chance fir Bieles räus gesprong as. Schlussendlech muss én soen, dass mir awer verdéngt gewonn hun.

Mir gléwen weiderhin un d’Wonner vu Biwer! Weider, emmer weider!

Zesummen fir Biwer!!!

Goaler:
1-0 Tim Schincariol
2-0 Tim Schincariol
3-0 Tim Schincariol

Sharen mit:

Beitrag veröffentlicht von: Steve Birtz