Biwerbouwen verléiren onverdengt

*/ ?>

Leider verléiren mir mat 2-4 geint Jonglenster.

No engem harde Kampf an enger méi wéi onvedengter Néierlach kennen d’Biwerbouwen awer zouversichtlech op déi nächst Wochen kucken.

An engem un Chancen armen Match waren d’Biwerbouwen déi, déi an der 1. Halschent hätten missten a Féierung goen. An dat nodéms de Maurice Bolmer um Lënster Keeper hänke bliwen as an de Christian Weis am Noschoss knapp lanscht de Goal geschoss huet.

2 Halschend as am Ufank net vill anescht wéi déi 1. Lenster huet de Ball a fennt keng Lücken. sou as et och méi wéi iwerraschand wéi no enger gouder Stonn an no engem lange Ball den 0-1 fällt. De lange Ball get vun engem Biwerbouw onglécklech an den égene Goal verlängert. Mir hun weider drun gegléwt an de Christian Weis huet den 1-1 geschoss. Gout 5 Minuten virun Schluss huet Lënster iis no engem Corner kaal erwescht an den 1-2 markéiert. Réicht dono hun déi Lënster hier 1.! richteg Chance, déi se net genotzt haten. An der 90. Minute hun mir e berechtegten Élefmeter kritt, nodéms en Ofwierspiller eng Flank op den Arm kritt huet. Den Dan Dias huet d’Rouh behalen an zum 2-2 verwandelt.

Wén dun geduecht huet, et wier riwer, den huet sech leider geiert. An der 95.! Minute hun mir – wéi eng Kopie vum 1-2 – den 2-3 no engem Corner kasséiert. An der 96. Minute as den décisiven 2-4 gefall.

Mir hun och hei rem gewisen, dass mir et déi néideg Astellung hun an dass én iis nach net ganz ofschreiwen kann. Mir gin alles bis zum Schluss!

Zesummen fir Biwer!!!

Goaler:
1-1 Christian Weis
2-2 Dan Dias (11m)

Sharen mit:

Beitrag veröffentlicht von: Steve Birtz