Biwerbouwen wannen géint d’Wichtelcher

*/ ?>

4-2 hun mir géint Beggen gewonn.

Mir hun de Match vun Ufank un mat der néideger Konzentratioun an ganz seriös gespillt.

Et huet én an den éischte Minuten schon gesin, dass sech Begen net wollt äus der Verteidegung lackelen loossen an dass mir déif an iiser Halschend op Ballbesetz konnte spillen. Dat hun mir och gemach. An trotzdem waren mir emmer rem geféierlech mat de schnellen Säitewiesselen. Beggen huet an der 1. Halschend nie zu hierem Spill fonnt. Den 1. Goal no schon e puer Minuten war e lange Ball ap de Kemil, den de Ball direkt an dem Sisi säi laf spillt an den drechen äus e puer Meter annetzt. Den 2-0 war rem a lange Säitewiessel op de Joé, den propper an de Réckräum spillt an den Änder propper ofschléisst. Den 3-0 war eng Kombinatioun iwer lénks. E Konter get hannen iwert de Cyril räus gespillt, den op de Maurice get an um Enn vum Cyril ofgeschloss get.

An der 2. Halschend hun mir de Ball de Beggener iwerlos, ouni dass se richteg geféierlech gin sin. No engem weideren Konter mat engem Foul, wou mir de Fräistouss direkt äusgefeuert hun, huet de Maurice per Lop de 4-0 markéiert. An de leschten 10 Minuten as et dann nach emol spannend gin. Obwuel se bis dohin weider keng Gelégenhéten haten hun d’Wichtelcher den 4-1 no engem Fräistouss geschoss. Kuerz dono, no engem Korner, huet de Mich op der Limnn gekläert. Wou sech alles rem e bessi berouegt hat a mir den én oder aneren Konter net richteg äusgespillt hun, huet Beggen an der Nospillzäit nach den 4-2 geschoss.

An de Mettwoch gét et direkt weider. Do erwarden d’Biwerbouwen Bartréng. D’Hoffnung lieft weider!!!

Zesummen fir Biwer!!!

Goaler:
1-0 Christian Weis
2-0 Änder Lopes
3-0 Cyril Wagner
4-0 Maurice Bolmer

Sharen mit:

Beitrag veröffentlicht von: Steve Birtz