Et as vollbruecht!!!
Biwer as no 23 Jaar erem an der éischter Divisioun ukomm. A wann mir nach eppes kennen ausser Fussball spillen, dann as et feieren.
D’Wuert vom Presi Marc Nies:
Den FC Jeunesse Biwer rifft all seng Spiller, Jugendspiller, Ancien’en a Supporter op fir iis Biwerbouwen de Sonnden de Metteg em 16 Auer ënnerstezen ze kommen. Op iisem leschten Championats- an Heemmatch hu mir den aktuellen Tabellendrëtten AS Letzebuerg Porto op Besuch. Nom Match invitéiren mir iech All fir mat iis ze feieren an e puer schéiner Stonnen um Biwer Terrain mat iis ze verbréngen. De Rich wäer frouh, säin Dreamteam erëm ze gesinn, mat all de Spiller déi 1993 de leschten Opstieg vu Biwer an déi 1. Divisioun gemeeschtert haten – as schon lang hier, mée elo as et rem esou wäit an dëst welle mir uerdentlech mat éch feieren.
Dofir: E Sonnden de Mëtteg: Alles op Biwer: Mat Trommelen an Trompetten, mat Freed an Duuscht… Zu Biwer wäert eppes méi lass sin! Allez déi Gréng! Fir iessen, Drénken, Musek an eng gout Stemmung as natierlech gesuergt. Dofir nach emol: Des Gelégenhéet op kée Fall verpassen!
ZESUMMEN FIR BIWER!!!